Intellego bitt Iech d'Méiglechkeet zesumme mat deenen beschten diploméierte Formateuren während der Summervakanz ze widderhuelen, dëst an engem Sall an der Stad oder bei Iech doheem.

Dës Coursë wäerten ëmmer maximal 3 Schüler regroupéieren an de Fächer:

Kontaktéiert eis elo scho fir Iech esou séier wéi méiglech anzeschreiwen, d'Plaze si limitéiert.

RTLReportage RTL

Ecoutez ici un reportage au sujet d'Intellego lors du RTL Owesjournal du 1 août 2012 à 18h30:

Retrouvez l'émission complète sur le site d'RTL.

 
 
Intellego

Widderhuelung während der Summervakanz an de Fächer Mathematik, Chimie a Physik mat engem diploméierte Formateur (25 €/h)

Intellego bitt Iech d'Méiglechkeet zesumme mat deenen beschten diploméierte Formateuren während der Summervakanz ze widderhuelen, dëst an engem Sall an der Stad oder bei Iech doheem.

Dës Coursë wäerten ëmmer maximal 3 Schüler regroupéieren an de Fächer:

  • Mathematik
  • Physik
  • Chimie

Kontaktéiert eis elo scho fir Iech esou séier wéi méiglech anzeschreiwen, d'Plaze si limitéiert.

Nohëllef

Intellego vermëttelt Iech Nohëllef mat engem Student oder enger diploméierter Persoun. Dir kënnt déi Wiel treffen sou bal Dir eis kontaktéiert.

Déi zwee Servicer bidden Iech folgend Virdeeler:

  • All d‘Formateuren komme bei Iech heem. Esou gesitt Dir mat weem äert Kand schafft a virun allem wéi.
  • D‘Formateuren riichten sech no ärem Zäitplang a stinn Iech, fir déi Fächer wou Dir wëllt, 7 Deeg op 7, och während de Vakanzen oder op Feierdeeg zur Verfügung,
  • Eis Tariffer si verstänneg. Se variéieren tëschent 24 an 29 Euro d'Stonn fir e Formateur aus dem Lycée an tëschent 25 an 33 Euro d'Stonn fir en Uni-Student. Den Tarif fir eng diploméiert Persoun gëtt individuell ofgeschwat.
  • Dir kritt eng Remise vun 15% bis 40% (ofhängeg vun der Unzuel vu Famillen an Unzuel vu Kanner) pro Kand pro Stonn wann der Nohëllef fir 2 oder 3 Kanner gläichzäiteg wëllt hunn.

Zéckt net eis ze kontaktéieren, den éischte Cours ass gratis wann der net zefridde sidd!

Hëllef bei den Hausaufgaben

Eng schoulesch Carrière ka vu ville Problemer begleet ginn:

  • D'Eltren hu keng Zäit an kënnen, wa se midd vun der Aarbecht kommen, trotz Efforten hire Kanner net mat hire schoulesche Problemer hëllefen.
  • D'Kanner, ofgelenkt vu villen Aktivitéiten (Fernseh, Videosspiller, Internet, etc.) hu keng Motivatioun fir hir schoulesch Aarbechten ze maachen. Problemer mat der Konzentratioun oder beim Léiere kënnen ëmmer méi schlëmm ginn.
  • D'Proffen, ëmgi vu ville Schüler, kënnen net jiddwerengem eenzel Opmierksamkeet schenken, an da bleiwe Schüler mat Problemer op der Streck.

Dofir bitt Intellego Iech de Service vun der Hausaufgabenhëllef, sou dass äre Kanner bei den Aarbechte gehollef gëtt a se déi néideg, vum Programm virgeschriwwe Kompetenzen erreechen.

Fir alle Besoinen entgéint ze kommen, proposéiert Intellego Iech verstänneg Tariffer, flexibel a variéiert Formulen. Fir weider Informatiounen iwwert dëse Service, zéckt net eis per Email oder Telefon ze kontaktéieren.

Coursë fir ze widderhuelen

Wann d'Zensur kënnt an d'Eltren d'Noten an d'Commentairë vun de Proffe gesinn, hu se e globalen Iwwerbléck iwwert d'Problemer vun de Kanner. Heiansdo ass et da ganz wichteg, d'Schwieregkeeten ze bekämpfe fir d'Joer ze bestoen an och d'Rentrée net scho mat Schwächten unzefänken.

Intellego proposéiert Iech dofir Coursë fir ze widderhuelen, déi et äre Kanner erméiglechen, hir spezifesch Lacunen iwwert d'ganzt Joer an och während de Schoulvakanzen ze fëllen. Déi Coursë kritt Dir doheem vun engem kompetente Formateur an dem gewënschte Fach.

Virbereedung op Examen

Intellego proposéiert et Schüler, déi sech fir e Concours oder en Exame virbereeden, en bei senge Preparatiounen ze begleeden. D'Preparatioun op d'Examen ass eng flexibel Formule an där d'Zieler um Ufank un gesat ginn. Sou kann de Formateur d'Schwieregkeete vum Schüler direkt erkennen andeems en d'Aarbechte vum Schüler vu während dem Joer analyséiert, oder gezielt Frostellunge mat ëm übt. D'Coursë kënne während de Vakanzen oder och nëmmen e puer Wochen oder Deeg virun den Examen statt fannen, sou wéi de Schüler et brauch.

Fir de Besoine vu jiddwer Schüler gerecht ze ginn, proposéiert Intellego Iech e flexibelen an adaptéierte Service.

Widderhuelung während der Summervakanz an de Fächer Mathematik, Chimie a Physik mat engem diploméierte Formateur (25 €/h)

www.intellego.lu | +352 661 787 995 | contact@intellego.lu