Intellego bitt Iech d'Méiglechkeet zesumme mat deenen beschten diploméierte Formateuren während der Summervakanz ze widderhuelen, dëst an engem Sall an der Stad oder bei Iech doheem.

Dës Coursë wäerten ëmmer maximal 3 Schüler regroupéieren an de Fächer:

Kontaktéiert eis elo scho fir Iech esou séier wéi méiglech anzeschreiwen, d'Plaze si limitéiert.

RTLReportage RTL

Ecoutez ici un reportage au sujet d'Intellego lors du RTL Owesjournal du 1 août 2012 à 18h30:

Retrouvez l'émission complète sur le site d'RTL.

 
 
Intellego

Intellego beméit sech Iech Nohëllef zu erreechbare Präisser ze ginn. Dofir setze mir och besonnesch op Transparenz wat eis Tariffer an d'Tariffer vun eise Formateuren ubelaangt.

Relativ zum Niveau vum Client a vum Formateur, hu mir folgend Tariffer fir d'Eenzel-Stonnen opgestallt:

  • 55% bis 70% vum ausgematen Präis vum Cours krit de Formateur direkt
  • 27% bis 44% benotze mir fir d'Verwaltung mat 17% TVA inclus (Formateuren sichen, Terminer ausmaachen, Clientë begleeden, Formateuren ersetzen an Rechnungen erstellen)
  • ongeféier 1-3% ginn benotzt fir speziell Tariffer mat Persounen auszemaachen, déi eng finanziell Hëllef brauchen

Ethesch Charta

Intellego baséiert op verschidde Wäerter a Prinzipien, déi säin etheschen Asaz a seng Responsabilitéit an all sengen Aktivitéitsberäicher ënnersträichen. Well Intellego präzis Zieler a Critèrë verfollegt fir de Clienten e qualitativ héichwäertege Service ze bidden, verlaange mir vun de Formateuren e puer pädagogesch a sozial Demarchen anzehalen. Déi Konditioune mussen si akzeptéiere soubal se sech bei eis umellen.

Déi ganz ethesch Charta kënnt Dir ënnert der Rubrik Kandidatur noliesen, mir kënnen Iech se awer och schécken. Kontaktéiert eis dozou einfach per Email oder rufft eis un.

www.intellego.lu | +352 661 787 995 | contact@intellego.lu