Intellego bitt Iech d'Méiglechkeet zesumme mat deenen beschten diploméierte Formateuren während der Summervakanz ze widderhuelen, dëst an engem Sall an der Stad oder bei Iech doheem.

Dës Coursë wäerten ëmmer maximal 3 Schüler regroupéieren an de Fächer:

Kontaktéiert eis elo scho fir Iech esou séier wéi méiglech anzeschreiwen, d'Plaze si limitéiert.

RTLReportage RTL

Ecoutez ici un reportage au sujet d'Intellego lors du RTL Owesjournal du 1 août 2012 à 18h30:

Retrouvez l'émission complète sur le site d'RTL.

 
 
Intellego

Intellego ass stänneg op der Sich no neie Formateure fir d'Auswiel z'erweideren an fir mat ärer Hëllef e nach méi komplette Service ubidden ze kënnen.

Ofgesinn dovunner, dass ee seng Kompetenzen ubidde kann, fir anere Persounen ze hëllefen, Hürden z'iwwerwannen, déi se ouni Hëllef net iwwerwanne kéinten, an ofgesi vun der interessanter Bezuelung, bitt Intellego senge Formateuren och nach folgend Virdeeler:

  • Dir hutt keng Ëmstänn fir Clienten ze fannen
  • D'Nohëllefstonne ginn äre Méiglechkeeten ugepasst
  • Dir kënnt 1, 2 oder 3 Schüler gläichzäiteg Nohëllef ginn
  • Dir gitt Coursen an ärer Ëmgéigend
  • Dir gitt Coursen nëmmen an deene Fächer, déi Dir wëllt
  • D'Verhältnis Bezuelung/Aarbecht ass immens interessant (vun 13 bis zu 29 Euro d'Stonn, ofhängeg vun ärem Niveau, dem Niveau vum Client an der Unzuel vun de Schüler)
  • Dir kënnt zu all Moment är Clienten ofginn (z.B. an der Vakanz oder Prüfungszäit) a kritt se erëm wann Dir erëm Zäit hutt!

Wann Dir interesséiert sidd, iwwer Intellego Nohëllef ze ginn oder wann Dir ee kennt, deen interesséiert si kéint, zéckt net Iech anzeschreiwen.

Mir kontaktéieren Iech soubal mir e Client fir Iech hunn.

www.intellego.lu | +352 661 787 995 | contact@intellego.lu