Wëllkomm bei Intellego!


Intellego bitt Iech Nohëllef am ganze Land, an alle Fächer a fir all Klassen (Grondschoul a Lycée) un.

Intellego vermëttelt Studenten oder, op Äre Wonsch, diploméiert Persounen, déi bei Iech heemkommen (am Präis mat dran). Wann Dir no der éischter Stonn mat dem Formateur net sollt zefridde sinn, ass déi Stonn offréiert an Dir kritt vun eis en anere Formateur proposéiert.

Eis Präisser leie bei 29,90 € d'Stonn fir e Formateur aus dem Lycée an tëschent 31 an 39,90 € d'Stonn fir en Uni-Student (Bac +1, Bac +2). D'Präisser fir eng diploméiert Persoun ginn individuell ofgeschwat. Keng Aschreiwungsfraisen!

Fir d'Lycéesschüler, bitt Intellego och online Nohëllef mat erfuerene Formateuren un.

Eis Partner

Renomméiert Partner wéi axxess oder den TWEENZ-Club ënnerstëtzen eise Projet a bidden Iech zesumme mat eis 5 bis 10% Reduktioun.

Firwat Client ginn?

Intellego beméit sech Iech Nohëllef zu erreechbare Präisser ze ginn. Dofir setze mir och besonnesch op Transparenz wat eis Tariffer an d'Tariffer vun eise Formateuren ubelaangt.

Relativ zum Niveau vum Client a vum Formateur, hu mir folgend Tariffer fir d'Eenzel-Stonnen opgestallt:

  • 55% bis 70% vum ofgemaachte Präis vum Cours kritt de Formateur direkt
  • 27% bis 44% benotze mir fir d'Verwaltung mat 17% TVA inclus (Formateure sichen, Terminer ausmaachen, Clientë begleeden, Formateuren ersetzen a Rechnungen erstellen)
  • ongeféier 1-3% gi benotzt fir speziell Tariffer mat Persounen auszemaachen, déi eng finanziell Hëllef brauchen

Well Intellego präzis Zieler a Critèrë verfollegt fir de Clienten e qualitativ héichwäertege Service ze bidden, verlaange mir vun de Formateuren e puer pädagogesch a sozial Demarchen anzehalen. Déi Konditioune musse si akzeptéiere soubal se sech bei eis umellen. Déi ganz ethesch Charta kënnt Dir ënnert der Rubrik Kandidatur noliesen.

Client ginn

Firwat Formateur ginn?

Intellego ass stänneg op der Sich no neie Formateure fir d'Auswiel z'erweideren a fir mat Ärer Hëllef e nach méi komplette Service ubidden ze kënnen.

Ofgesinn dovunner, dass ee seng Kompetenzen ubidde kann, fir anere Persounen ze hëllefen, Hürden z'iwwerwannen, déi se ouni Hëllef net iwwerwanne kéinten, an ofgesi vun der interessanter Bezuelung, bitt Intellego senge Formateuren och nach folgend Virdeeler:

  • Dir hutt keng Ëmstänn fir Clienten ze fannen
  • D'Nohëllefsstonne ginn Äre Méiglechkeeten ugepasst
  • Dir kënnt 1, 2 oder 3 Schüler gläichzäiteg Nohëllef ginn
  • Dir gitt Coursen an Ärer Ëmgéigend
  • Dir gitt Coursen nëmmen an deene Fächer, déi Dir wëllt
  • D'Verhältnis Bezuelung/Aarbecht ass immens interessant (vun 13 bis zu 29 € d'Stonn, ofhängeg vun Ärem Niveau, dem Niveau vum Client an der Unzuel vun de Schüler)
  • Dir kënnt zu all Moment Är Clienten ofginn (z.B. an der Vakanz oder Prüfungszäit) a kritt se erëm wann Dir erëm Zäit hutt!

Wann Dir interesséiert sidd, iwwer Intellego Nohëllef ze ginn oder wann Dir ee kennt, deen interesséiert si kéint, zéckt net Iech anzeschreiwen. Mir kontaktéieren Iech soubal mir e Client fir Iech hunn.

Formateur ginn

RTL-Reportage

Lauschtert hei de Reportage iwwer Intellego vum RTL Owesjournal vum 1. August 2012 um 18h30.

Schoulkalenner 2022/2023

Lued Iech hei de Schoulkalenner 2022/2023 erof.